Den Ombudsmann gouf duerch d’Gesetz vum 22. August 2003 (fr) an d’Liewe geruff.
An senger Missioun als Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg kritt den Ombudsmann Reklamatiounen iwwert d’Fonctionnement vun den Administratioune vum Staat an de Gemengen, esou wéi och vu den ëffentlechen Ariichtungen déi vum Staat an de Gemengen ofhänken.
Dat heescht, datt all Benotzer, dee mengt, datt eng Autoritéit an enger Affär déi am viregte Paragraph viséiert gouf an déi hien ubetrefft, net a Konformitéit zu hirer Missioun, déi se erfëlle muss, fonctionéiert huet oder géint d’Konventiounen, Gesetzer a Reglementer déi a Kraaft sinn, verstouss huet, kann, duerch eng individuell schrëftlech Reklamatioun oder duerch eng mëndlech Deklaratioun u séi Sekretariat, froen, datt d’Affär dem Ombudsmann zur Kenntnis bruecht gëtt.